Wie si mir?

D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad ass eng wëssenschaftlech Competitioun fir Schülerinnen a Schüler, déi säit 2008 duerchgefouert gëtt. Zanterhier hunn iwwert 25.000 Schülerinnen a Schüler deel geholl.

D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad gëtt an 3 Ronnen ausgedroen. An der Qualifikatioun gi Froen zur Biologie, der Chimie an der Physik mat verschiddenen Äntwertméiglechkeete gestallt. An der Halleffinall ginn theoretesch Froen zu wëssenschaftleche Versich gestallt. An der Finall geet et drëm, an Equipe vun dräi Schüler naturwëssenschaftlech Versich duerchzeféieren. Déi sechs beschte Schüler qualifizéieren sech fir déi europäesch Naturwëssenschaftsolympiad (European Olympiad of Experimental Science – EOES).

Aktuell Informatiounen zur Naturwëssenschaftsolympiad sinn an eisem Blog (« Neiegkeeten ») an op eiser Facebooksäit ze fannen: https://www.facebook.com/olympiad.lu

Organiséiert gëtt d’Olympiad vun der a.s.b.l. Olympiades Luxembourgeoises des Sciences Naturelles (OLSN):

www.olympiades.lu

Programmer a Reglementer

  1. D’Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad ass e Concours mat theoreteschen a prakteschen Aspekter, déi all Joer op Initiativ vun der OLSN a.s.b.l. (Olympiades Luxembourgeoises des Sciences Naturelles) organiséiert gëtt.

  2. Fir d’Editioun 2023-2024 mussen d’Schüler um oder nom 1. Januar 2007 gebuer sinn. Jiddereen dee méi al ass, dierf awer « hors concours » matmaachen.

  3. Den Oflaf vun der Olympiad:

    • An der Qualifikatioun ginn 30 Multiple-Choice-Froen zu Themen vun der Biologie, Chimie an Physik gestallt. Fir d’Halleffinall qualifizéiert, gi landeswäit ca. déi bescht 75 Schüler. D’Moyenne läit hei meeschtens ëm 100 Punkten, déi een areeche muss.

    • An der Halleffinall gëllt et Froen, Aufgaben, Berechnungen an Diagrammer zu theoretesche wëssenschaftleche Versich ze beäntweren. Déi 24 Schüler mat de beschte Resultater no der Qualifikatioun (zielt 1/3) an der Halleffinall (zielt 2/3) si fir d’Finall qualifizéiert.

    • D’Finall ass dann ganz praktesch: hei mussen, an Equippen zu dräi, wëssenschaftlech Versich sou präzis wéi méiglech duerchgefouert ginn. Déi 2 bescht Equippen qualifizéieren sech dann fir d’EOES (European Olympiad of Experimental Science), déi all Joer an engem anere Land stattfënnt.

Alles wats du vu 7e – 4e an de Naturwëssenschaften Biologie, Chimie a Physik gesinn hues.