Déi 20. Editioun vun der Naturwëssenschaftsolympiad gëtt an 3 Tier organiséiert:
Aschreiwungen
30. Oktober 2026
Qualifikatioun
19. November 2026
Halleffinall
12. Januar 2027
.
Finall
24. Februar 2027
Aschreiwung
D’Schüler schreiwen sech an der Schoul bei hirem Enseignant un. Offiziell matmaachen dierf jiddereen, deen ab 2009 gebuer ass. Natierlech kennen awer och méi al Schüler « hors concours » matmaachen. All Enseignant kann seng Klass op dëser Säit aschreiwen, am einfachsten andeems dir den Excel-Sheet eropluet. Wann dir Froen hutt, zéckt net iech ze mellen: christophe.ternes@education.lu!
D’Qualifikatioun fënnt an all Lycée dee matmécht statt. D’Schüler beäntweren online oder op Pabeier a 50 Minutten 30 Froen, jee 10 aus der Biologie, Chimie a Physik. Gefrot kann alles gi wat vu 7e bis 4e an de Naturwëssenschafte gesi gouf an d’Froen teste virun allem och d’logescht Denke vun de Schüler.
Déi 75 beschte Schüler aus der éischter Ronn qualifizéieren sech fir d’Halleffinall. D’Halleffinall gëtt traditionnel am Festsall am LGL ofgehalen. An der Halleffinall kréien d’Schüler vum Jury theoretesch Aufgaben zu praktesche Versich, wéi zum Beispill Diagrammer analyséieren oder zeechnen, Dokumenter verstoen, Schemaen zeechen oder Informatiounen aus engem Text zéien. An 2,5h ginn et maximal 90 Punkten ze huelen, 30 Punkten an all Fach.
Fir d’Finall qualifizéieren sech déi 24 bescht Schüler no den éischten 2 Tier. D’Punkten aus der Qualifikatiounsronn zielen 1/3 an déi aus der Halleffinall 2/3.
An der Finall schaffen d’Schüler praktesch an Equippen zu 3 a maache wëssenschaftlech Versich zu engem vun der Jury erausgesichten Thema. Déi bescht 2 Equippe qualifizéieren sech duerno fir d’EOES – European Olympiad of Experimental Science.