D'European Olympiad of Experimental Science

D’European Union Science Olympiad gouf säit 2003 organiséiert. Lëtzebuerg huet 2007 fir d’éischte Kéier un enger EUSO deelgeholl. Bei der EUSO geet et drëm an Equipe vun 3 Schüler praktesch naturwëssenschaftlech Aufgaben ronderëm een bestëmmt Thema auszeféieren. All Land kann mat 2 Equippen un enger EUSO deelhuelen.

Säit 2007 huet Lëtzebuerg un all europäescher Olympiad deelgeholl. An dëser Rubrik fannt dir d’Aufgaben, d’Resultater a Fotoen vun dëse Competitiounen.

2013 war eng besonnesch Editioun, well do ass d’EUSO zu Lëtzebuerg ofgehale ginn. Detailer dozou ënnert www.euso2013.lu

Duerch eng néi Organisatioun gëtt et ab 2021 déi d’European Olympiad of Experimental Science (EOES). Déi éischt Editioun gouf hei zu Szeged an Ungarn organiséiert.        

Sponsors