Den 18. Mee wor eis Präisiwwerreechung vun der 15. Editioun vun der Naturwëssenschaftsolympiad! Hei kruten all eis Finaliste flott Präisser a konnte bei engem gudde Maufel an engem Patt dat naturwëssenschaftlecht Joer Revue passéiere loossen. Wéi all Joer gëllt dem Naturmusée erëm e grousse Merci, datt mir konnte bei hinnen an engem ganz flotte Kader déi gutt Leeschtungen unerkennen.
Nieft der Lëtzebuerger Editioun hu mir natierlech och nach eng Kéier de grousse Succès vun eisen 2 Equippen (Goldmedail: 4. Plaz a Sëlwermedail: 19. Plaz) bei der EOES (European Olympiad of Experimental Science) zu Hradec Kralové an Tschechien geféiert.
Mir freeën eis schonns op déi 16. Editioun.