19. Naturwëssenschaftsolympiad (2025/26): Zwou Lëtzebuerger Equippen op der EOES zu Lund a Schweden!
Déi 19. Editioun vun der Naturwëssenschaftsolympiad am Schouljoer 2025/26 war och dëst Joer e grousse Succès. Schüler aus dem ganze Land hunn an dräi spannende Ronne gewisen, wat se an de Beräicher Biologie, Chimie a Physik drop hunn.
D’Qualifikatiounsronn huet am Hierscht stattfonnt, wou d’Schülerinnen a Schüler 30 Multiple-Choice Froen beäntwert hunn. Déi bescht 53 vun hinnen koumen an d’Halleffinall, déi am Januar am Lycée de Garçons Luxembourg war.
An der grousser Finall, déi Enn Februar am Lycée Michel Rodange organiséiert gouf, hunn d’Finalisten sech a komplexe wëssenschaftleche Problemer misste beweisen, dat alles rondrëm d’Thema « SCHUEBERFOUER« .
Schlussendlech hu sech zwou Equippen duerchgesat, déi elo Lëtzebuerg op der European Olympiad of Experimental Science (EOES) zu Lund a Schweden vertrieden.
Dës international Kompetitioun bréngt déi bescht jonk Wëssenschaftler aus Europa zesummen an ass eng super Geleeënheet, fir Talent an Erfarung ze weisen. Mir drécken eise Lëtzebuerger Equippen d’Daumen!





































