Präisiwwerreechung vun der Naturwëssenschaftsolympiad 24/25

Naturwëssenschaftsolympiad 2024/25: Zwou Lëtzebuerger Equippen op der EOES zu Zagreb!

D’Naturwëssenschaftsolympiad 2024/25 war och dëst Joer e grousse Succès. Schüler aus dem ganze Land hunn an dräi spannende Ronne gewisen, wat se an de Beräicher Biologie, Chimie a Physik drop hunn.

D’Qualifikatiounsronn huet am Hierscht stattfonnt, wou d’Schülerinnen a Schüler 30 Multiple-Choice Froen beäntwert hunn. Déi bescht 82 vun hinnen koumen an d’Halleffinall, déi am Januar am Lycée de Garçons Luxembourg war.

An der grousser Finall, déi am Mäerz am Lycée Michel Rodange organiséiert gouf, hunn d’Finalisten sech a komplexe wëssenschaftleche Problemer misste beweisen. Schlussendlech hu sech zwou Equippen duerchgesat, déi elo Lëtzebuerg op der European Olympiad of Experimental Science (EOES) zu Zagreb vertrieden.

Dës international Kompetitioun bréngt déi bescht jonk Wëssenschaftler aus Europa zesummen an ass eng super Geleeënheet, fir Talent an Erfarung ze weisen. Mir drécken eise Lëtzebuerger Equippen d’Daumen!

Table of Contents

Share this post

Facebook
Twitter
LinkedIn
WhatsApp

Related posts

Keep in touch with the trends

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.