Mir sinn houfereg fir iech déi néi Editioun vun eisem Concours, mëttlerweil déi 18. Naturwëssenschaftsolympiad zu Lëtzebuerg ukënnegen ze kennen.
Dëst Joer hu mir eng liicht Modifikatioun am Kalenner. Notéiert iech dofir alt d’Datumer: Umellunge bis de 25. Oktober, Qualifikatioun de 14. November an all Lycée dee matmécht, Halleffinall de 9. Januar 2025 am Lycée des Garçons Luxembourg an dann déi flott Finall de 6. Mäerz 2025 am Lycée Michel Rodange Luxembourg.
Am Viraus villmools Merci fir den Engagement vu jidderengem deen dobäi ass an hëlleft, d’Naturwëssenschafte weider ze promouvéieren.