Halleffinall vun der 18. Naturwëssenschaftsolympiad
Dës Woch hu sech déi 62 bescht Schüler aus dem Land an der Halleffinall vun der 18. Naturwëssenschaftsolympiad gemooss. Dëse Concours huet jonk Talenter aus de Beräicher Biologie, Chimie a Physik zesummebruecht, déi hir Kompetenzen a kreativ Problemléisungen demonstréiert hunn. No 2,5 Stonnen hu sech 24 Schüler fir d’Finall qualifizéiert, déi den 6. Mäerz 2025 am LMRL stattfënnt. Hei gëtt entscheet, wéi eng 6 Schülerinnen a Schüler Lëtzebuerg bei der internationaler Olympiad EOES zu Zagreb vertriede wäerten. Mir wënschen de Finalisten vill Erfolleg!
