Olympiad

2012


Déi 5. Editioun vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad war ee grousse Succès. 1399 Schülerinnen a Schüler aus 26 Schoule vum Land hunn un der Qualifikatiounsronn deelgeholl. No 30 kniwwelege Froen zur Biologie, der Chimie an der Physik, haten sech 8 Equipen zu jeeweils 3 Schüler fir d'Finale qualifizéiert. Dat beschten individuellt Resultat war dem Tom Schlüter aus dem LGE gelonge, mat 133 vun 150 méigleche Punkten.

An der Finale ass et drëm gaange praktesch Versich ronderëm Thema Waasser sou präzise wéi méiglech duerchzeféieren an e puer theoretesch Froen ze beäntweren. No 3 ustrengende Stoen am de Säll vum LMRL huet de Jury d'Resultater vun den Equipen ausgewäert an ee Ranking opgestallt. Déi beschte Resultater haten d'Equipen aus dem LGE (Tom Schlüter, Vesna Bosic an Vicky Frisch) an dem LCD (Philippe Cathrein, Pol Eyschen an Claude Kremer). Op den nächste Platzen hunn sech den LGL, den ALR an den AL erëm fonnt.

Bei der Präisiwwerreechung am Naturmusée hunn all d'Finalisten ee flotte Präis kritt an d'Equipë vum LGE an dem LCD däerfen Lëtzebuerg bei der EUSO 2012 zu Vilnius a Litauen vertrieden.