Du interesséiers dech fir Chimie, Biologie oder Physik? Da maach mat bei der 12. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad.
Explicatiounen zum Oflaf vum Concours:
An der Qualifikatioun ginn 30 Multiple-Choice-Froen zu Themen vun der Biologie, Chimie an Physik gestallt. Déi 75 Schüler mat de beschten Resultater qualifizéiren sech fir d'Halleffinall.
An der Halleffinall, gëllt et Froen, Aufgaben, Berechnungen an Diagrammer zu theoretesche wëssenschaftleche Versich ze beäntweren.Déi 24 Schüler mat de beschte Resultater no der Qualifikatioun (zielt 1/3) an der Halleffinall (zielt 2/3) sinn fir d'Finall qualifizéiert.
D'Finall ass dann ganz praktesch, do mussen, an Equipen zu dräi, wëssenschaftlech Versich sou präzise wéi méiglech duerchgefouert ginn.
Matmaachen kann all Schüler aus dem Lycée den um oder nom 1. Januar 2002 gebuer ass.Umellen kann een sich bis de 6ten November bei sengem Chimie-, Physiks- oder Biologiesenseignant.
D'Qualifikatiounsronn ass de 15ten November an all Lycée den matmëcht, d'Halleffinall de 17ten Dezember 2018 am LGL an d'Finall den 12ten Februar 2019 am LMRL.
All Schüler, déi an d’Finale kommen, kréien e Präis an déi beschte 6 Schüler däerfen un der Naturwëssenschaftsolympiad vun der europäescher Unioun (EUSO), déi vum 4te bis den 11te Mee zu Lissabon a Portugal ass, deelhuelen. Weider Infoen op www.euso.eu.