Du interesséiers dech fir Chimie, Biologie oder Physik? Da maach mat bei der 11. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad.
Explicatiounen zum Oflaf vum Concours:
An der Qualifikatioun ginn 30 Multiple-Choice-Froen
zu Themen vun der Biologie, Chimie an Physik gestallt. Déi 75 Schüler
mat de beschten Resultater qualifizéiren sech fir d'Halleffinale.
An
der Halleffinale, gëllt et Froen, Aufgaben, Berechnungen an Diagrammer
zu theoretesche wëssenschaftleche Versich ze beäntweren.Déi 24 Schüler mat de beschte Resultater no der Qualifikatioun (zielt 1/3) an der Halleffinale (zielt 2/3) sinn fir d'Finale qualifizéiert.
D'Finale
ass dann ganz praktesch, do mussen, an Equipen zu dräi,
wëssenschaftlech Versich sou präzise wéi méiglech duerchgefouert ginn.
Matmaachen kann all Schüler aus dem Lycée den um oder nom 1. Januar 2001 gebuer ass.
Umellen kann een sich bis den 7ten November bei sengem Chimie-, Physiks- oder Biologiesenseignant.
D'Qualifikatiounsronn ass de 16ten November an all Lycée den
matmëcht, d'Halleffinale den 11ten Dezember 2017 am LGL an d'Finale den 22ten Februar 2018 am LMRL.
All
Schüler, déi an d’Finale kommen, kréien e Präis an déi beschte 6
Schüler däerfen un der Naturwëssenschaftsolympiad vun der europäescher
Unioun (EUSO), déi vum 28ten Abrëll bis de 5te Mee zu Ljubiliana a Slowenien
ass, deelhuelen. Weider Infoen opwww.euso.eu.