An der Qualifikatioun ginn 30 Multiple-Choice-Froen zu Themen vun der Biologie, Chimie an Physik gestallt. Déi 75 Schüler mat de beschten Resultater qualifizéiren sech fir d'Halleffinale.
An der Halleffinale, gëllt et Froen, Aufgaben, Berechnungen an Diagrammer zu theoretesche wëssenschaftleche Versich ze beäntweren.Déi 24 Schüler mat de beschte Resultater no der Qualifikatioun (zielt 1/3) an der Halleffinale (zielt 2/3) sinn fir d'Finale qualifizéiert.
D'Finale ass dann ganz praktesch, do mussen, an Equipen zu dräi, wëssenschaftlech Versich sou präzise wéi méiglech duerchgefouert ginn.
Matmaachen kann all Schüler aus dem Lycée den um oder nom 1. Januar 2000 gebuer ass.
Umellen kann een sich bis den 3ten November bei sengem Chimie-, Physiks
- oder Biologiesenseignant.
D'Qualifikatiounsronn ass de 17ten November an all Lycée den matmëcht, d'Halleffinale den 19ten Dezember 2016 am LGL an d'Finale de 16ten Februar 2017 am LMRL.
All Schüler, déi an d’Finale kommen, kréien e Präis an déi beschte 6 Schüler däerfen un der Naturwëssenschaftsolympiad vun der europäescher Unioun (EUSO), déi vum 7ten bis de 14ten Mee zu Kopenhagen an Dänemark ass, deelhuelen. Weider Infoen op
www.euso.eu an www.euso2017.dk