Lëtzebuerger

Naturwëssenschaftsolympiad

D'Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad ass eng Competitioun fir Schülerinnen a Schüler déi emol am Joer duerchgefouert gëtt.

Organisateur ass de Ministère de l'Education Nationale et de la Formation Professionnelle an Zesummenaarbecht mat der Association des Biologistes luxembourgeois, der Association luxembourgeoise des Physiciens, der Association des Chimistes luxembourgeois an dem Fond Nationale de la Recherche. D'Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad gëtt an 2 Ronnen ausgedroen. An der Qualifikatioun ginn Froen zur Biologie, der Chimie an der Physik mat verschiddenen Äntwertméiglechkeete gestallt. An der Finale geet et drëm, an Equipë vun dräi Schüler naturwëssenschaftlech Versich duerchzeféieren.

News

4 Il y a semaines, 25/04/2012 à 11:39

Aufgaben vun der EUSO zu Vilnius

Am Moment sinn d'Gewënner vun der 5. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad a probéiren sech sou gudd wéi méiglech géint d'Schüler vun den aaneren europäesche Länner durchzesetzen. Gëschter war déi eischt épreuve, et huet sech alles em Bernstein gedréint. Héi fannt dir d'Aufgaben:
http://www.nwo.lu/europaische-olympiade.aspx

07/03/2012 à 21:53

Fotoen vun der Präisiwwerrechung

D'Fotoen vun der Präisiwwerrechung sinn elo och online. Hei de Link fir d'Billergalerie:

24/02/2012 à 11:19

Film vun der 5. Naturwëssenschaftsolympiad

De Film iwwert déi 5. Editioun vun der Naturwëssenschaftsolympiad ass elo um Site. Kuckt iech en unn:
http://www.nwo.lu/video.aspx

08/02/2012 à 23:19

Resultater vun der Finale 2012

Op der Präisiwwerrechung am Naturmusée sinn haut d'Gewënner vun der 5 Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad bekannt gemach ginn. Héi dat offiziellt Resultat:
1. LGE (Tom Schlüter, Vesna Bosic, Vicky Frisch)
2. LCD 1 (Phlippe Cathrein, Pol Eyschen, Claude Kremer)
3. LGL, 4. ALR, 5. AL, 6. LRSL, 7. LCD 2, 8. LNW

29/01/2012 à 11:39

Ohne Wasser läuft nichts

An der Finale vun der Naturwëssenschaftsolympiad huet sech alles em d'Thema "Waasser" gedréint. D'Schüler wären während dräi Stonnen gefuedert fir d'Aufgaben sou präzis wéi méiglech ze léisen. Héi sinn d'Aufgaben ze fannen:
http://www.nwo.lu/Aufgaben-Finale.aspx
Wéi eng Equipe elo am bëschte geschafft huet, gëtt den 8. Februar um 17 Auer op der Präisiwwerrechung am Naturmusée gekannt ginn.

03/01/2012 à 23:43

D'Resultater vun der Qualifikatioun sinn do

Et ass souweit, all 1399 Questionnairen sinn verbessert, d'Gewënner stinn fest. Ennert dësem Link fënns du all d'Informatiounen op nationalem Niveau. Fir déin pérseinlecht Resultat gewuer ze ginn, muss du bei dengem Enseignant deen dech ugëmellt huet nofroen, hien huet all déi individuell Resultater vun denger Schoul.

20/11/2011 à 16:14

D'Froen an d'Musterléisung

Ennert dësem Link fënns du d'Froen an d'Musterléisung vun der Qualifikatiounsronn. Do kann's de dein Resultat selwer bestëmmen a kukken waat richteg gewiecht wär.

 
Affiche édition 2011 Rückblick

Bouton inscription Bouton