Qualifikatioun
Resultater
Et hunn 1399 Schülerinnen a Schüler aus 26 Lycéen hunn un der Qualifikatiounsronn vun der 5. Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad deelgeholl. Et waren maximal 150 Punkten ze errechen, eng Réih Schüler hunn méi wéi 120 Punkten kritt, waat een excellent Resultat ass. De bëschten individuelle Score huet den Tom Schlüter aus dem LGE mat 133 Punkten errecht.
Pro Schoul sinn d'Resultater vun de Schüler op de Plaatzen 1-3 zesummen gezielt ginn, dëst huet de Score vum Team 1 vun der Schoul erginn. D'Somme vun de Resultater vun de Schüler op de Plaatzen 4-6 huet de Score vum Team 2 vun der Schoul erginn. Unhand vun dësen Resutlater ass eng Ranglëscht erstallt ginn, vun der sech déi bëschten 8 Equipen fir d'Finale den 26.01 am LMRL qualifizéiert hunn.
Ween d'Gewënner sinn fannt dir an dësem Dokument: