2 Il y a semaines, 08/02/2012 à 23:19
Resultater vun der Finale 2012
Op der Präisiwwerrechung am Naturmusée sinn haut d'Gewënner vun der 5 Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad bekannt gemach ginn. Héi dat offiziellt Resultat:
1. LGE (Tom Schlüter, Vesna Bosic, Vicky Frisch)
2. LCD 1 (Phlippe Cathrein, Pol Eyschen, Claude Kremer)
3. LGL, 4. ALR, 5. AL, 6. LRSL, 7. LCD 2, 8. LNW
4 Il y a semaines, 29/01/2012 à 11:42
D'Naturwëssenschaftsolympiad um Radio
4 Il y a semaines, 29/01/2012 à 11:39
Ohne Wasser läuft nichts
An der Finale vun der Naturwëssenschaftsolympiad huet sech alles em
d'Thema "Waasser" gedréint. D'Schüler wären während dräi Stonnen
gefuedert fir d'Aufgaben sou präzis wéi méiglech ze léisen. Héi sinn
d'Aufgaben ze fannen:
http://www.nwo.lu/Aufgaben-Finale.aspx
Wéi eng Equipe elo am bëschte geschafft huet, gëtt den 8. Februar um 17
Auer op der Präisiwwerrechung am Naturmusée gekannt ginn.
Den Donneschten 26.01 ass d'Finale vun der Naturwëssenschaftsolympiad am LMRL. Um 14 Auer ass de Rendezvous fir d'Finalisten, ab 14h30 leeft d'Zäit. Déi 24 Finalisten schaffen an hierer Schoulequipe zu dréi un engem bestëmmten Thema. Sie hunn 3 Stonnen Zäit fir d'Aufgaben präzis durchzeféiren an Resultater ze proudzéiren.
D'Resultater vun der Qualifikatioun sinn do
Et ass souweit, all 1399 Questionnairen sinn verbessert, d'Gewënner stinn fest. Ennert dësem Link fënns du all d'Informatiounen op nationalem Niveau. Fir déin pérseinlecht Resultat gewuer ze ginn, muss du bei dengem Enseignant deen dech ugëmellt huet nofroen, hien huet all déi individuell Resultater vun denger Schoul.
D'Froen an d'Musterléisung
Ennert dësem Link fënns du d'Froen an d'Musterléisung vun der Qualifikatiounsronn. Do kann's de dein Resultat selwer bestëmmen a kukken waat richteg gewiecht wär.
All d'Froen vun de läschte Joëren sinn disponibel
An der Rubrique "Reckbleck" fannt dir d'Froen vun de Qualifikatiounsronnen vun de läschte Joeren. Ideal fir sech op d'Qualifikatiounsronn vun dësem Joer virzebreeden. D'Léisungen sinn natirlech och disponibel.
Informatiounen iwwert déi vergangen EUSO'en sinn disponibel
Ennert dem Punkt "Europäesch Olympiad" sinn elo all d'Informatiounen (Aufgaben, Resultater, Fotoen) vun de läschten EUSO'en disponible. Kuckt iech et un....